Charlie Winston @ Rockhal / Esch-sur-Alzette

Den Charlie Chaplin haat en ronnen, dem Napoleon säin soutz queesch, den John Wayne war emmer einfach ze fannen, an dem Charlie Winston säin gouf ungeknabbert vun engem Hond. Rieds geet vum Hutt, deen ontrennbar mat dësen Leit verbonnen ass, an zu hierem Erkennungszeechen gin ass. An een vun dësen (deen enzegen deen och nach kann) war den 18. Abrëll zu Besuch zu Esch.

Kéint hien d’Entdeckung vum Joër 2009 sin ? Den Charlie Winston, gebiertegen Englänner, ass an der Arena vun deenen Groussen unkomm. Mat Pop Musik déi sougudd am Funk wéi am Blues erëm ze fannen ass, oder souguer am Blues oder Jazz, beweist dësen Artist wie een nët nëmmen den Songwriting perfekt beherrschen kann, mee och waat Instrumenter betrëfft. Vun klengem uns léiert hien Batterie an studéiert duerno zu London Musik an Jazz-Piano zu London. No engem Openthalt an Indien wou hien probéiert sech als Musiker duerch ze schloën, kënnt hien zréck an Europa wou et richteg mat senger Carrière lass geet. Hien begéint den Peter Gabriel an däerf dorops hin als Virgrupp mat op dem Gabriel seng Tournée. Am Januar 2009 bréngt den Charlie Winston säin éischten Album „Hobo“ beim Label Atmosphériques eraus, deen hien virun allem an Frankräich op villen Bühnen an bei Telé’s Émissiounen présentéieren kann. Seng Single „Like a Hobo“ ass elo schon e vun deenen meescht gepilltenen Titelen vum Joër um franséischen an belschen Radio an huet nei Download Rekorder gesaat . Mat enger eenzegarteger Stëmm an engem ausergewéinlechen Talent ass den Charlie Winston déi perfekt Mëschung aus engem deenen verstuerwenen Ray Charles an Jeff Buckley. Rhytmesh wann et drop unkënnt mee och mat schéinen mélancoleschen an akousteschen Balldaden.

Leschten Samschden huet seng Tournée hien also an de klengen Sall vun der Rockhal gefouert. Mee et hätt grad sougudd kéinten deen goussen Sall gin: Show Sold Out! An daat fir e Mann, deen virun 3 Méint nach zimlech onbekannt war. Mee grad sougudd, sou ass weinstens bessen Stëmmung opkomm ennert den villen Leit. Kloër, datt vill Belges an Fransousen do waren liicht an, mee dass ganz Familien do waren mat hieren Kanner an eng ganz rëtsch -soen mir et diplomatesch – méi räif Leit do waren, huet schon erstaunt. D’Altersmoyenne louch demno e gudd Stéck iwert dem Studentenalter. Mee soit, zreck bei den Charlie an seng Musik.
Als Virgrupp goufen vum “Master of the Ceremony” héchstperséinlech Medi and the Medecine Show présentéiert, déi mat engem Mélange aus Folk an 70er Rock iwerzeegt hun. Waat hänken bleiwt sin dem Medi seng Stëmm (Robert Plant-like) an seng Hoër (Robert Plant look-alike). Huet awer Spass gemach no ze lauschteren an ze kucken.
Enter Charlie Winston. Hut. Guitar. Stëmm. Go. Op Stécker vun sengem Hit-Album “Hobo” muss een zwar eng Zäitchen warden, mee och seng aal,  selwer produzéierten Lidder ( “I’m a Man” zum Beispill), stinn sengem neisten Output an näischt no. Dësen Mann kann sangen, Guitar spillen, Piano, danzen (!!), hien huet Humor nët nëmmen an sengen Song-Texter (ouni Zweifel de beschten Songtitel vum Joër: “My Life as a Duck”…) mee och op der Bühn, hien kann awer och Beatboxen an Didjerdiooen…ouni Didjeridoo. Leit déi einfach Bock op gudd geschriwen Musik hun, sierf et datt se grooved oder zum Kräischen brengt, fannen an der Persoun vum Charlie Winston genau daat waat sie sichen. D’Chance fir hien an engem relativ intimen Cadre wei an der Rockhal ze gesin,war warscheinlech eenmoleg fir déi meeschten Leit zu Lëtzebuerg, well mam Charlie ass secher ze rechnen fir d’Zukunft. Also, d’nächsten Keier am groussen Sall…. Hien kéint daat sin waat d’Musiksjournalisten zanter Joëren mengen all aaner Woch fonnt ze hun. The next…..

Fir déi déi hien sollten verpasst hun :  10. Mee – Charlie Winston am Botanique zu Bréissel   an den 5. Juli op den Eurockéennes zu Belfort (Alsace)

Advertisements

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s