Festival Galore – Preview: Rock a Field

D’Vakanzen hun schon fir deen een oder aaneren ungefangen, den Summer steet onmëttelbar virun der Diir an domadder fänkt et och lues a lues un bei der Redaktioun vum E411 ze kribbelen: d’Festival Saison erreescht säin Héichpunkt an mir sin méi wéi prêt dofir! Rock a Field, Werchter, 24h électroniques, Les Ardentes de Liège, Dour Festival, Pukkelpop….! Bring it on!

RAF_2009

Et ass den 27. August 1995. Kierchbierg, net wäit vum RTL-Gebai. Daat ass warscheinlech mäin éischten Rock-Concert an d’Gebuertsstonn vun engem neien Hobby fir mech: Live-Concert’en. Vill ass geschitt zu Lëtzebuerg zanter datt d’Rolling Stones bei eis am Land waren, an et muss een schon baal blann, daaf, domm an ignorant sin fir daat net ze mierken. Fir déi Leit déi mir nët wellen gleewen, dann kuckt ierch einfach d’Affichen un vun Atelier, Rockhal, Exit07, d:cliq etc… Den gréissten Event ass mëttlerweil den Rock a Field Festival zu Réiser, an et muss een sech schon baal d’Aen reiwen wann een sech mol duerch den Kapp goën lisst, ween an deen leschten Joëren op der Bühn um Herrschesfeld stoung an daat mat “fréier” vergläicht. Mir sin zwar nach net um Fame-Niveau vun den Rolling Stones unkomm, mee daat Kaliber brauch keen sech z’erwaarden op engem Festival zu Lëtzebuerg. An nee, Metallica kommen nach emmer net an den Josy Barthel.

Mee zreck op Réiser:

An dësem éischten Deel befassen mir eis mat den Internationalen Acts, déi op der “Atelier-Stage” wäerten optrieden.

the Virgins

An leschter Minutt huet den Atelier d’Affiche vum RAF nach mat The Virgins opgestockt, puer Strokes-like New Yorker: jonk, radiofrëndlech, bessen funky an relax ze lauschteren. Sëcher eng Entdeckung, eenzegen Problem: sie spillen als éischt, an aus Erfahrung beweegt sech den Lëtzebuerger Sonndesmoies ongäeren virun Mëtteg aus dem Haus fir op e Concert…

The Ting Tings

Eng weider Première op der lëtzebuerger Bühn wäert et fir déi ënglesch 2-Mann-Band The Ting Tings gin. Hier Titelen „Shut up and let me go“ an „That’s not my name“ sin déi warscheinlechst onvergiessbarst Pop-Rock-Radio-Lidder aus deenen leschten  Méint an wäerten sëcher och den Public un d’Danzen kréien. Live absolut iwerzeegend!!

papa_roach_1

Last Resort“ war hieren Duerchbruch an zugläich och den eenzeg nennenswerten kommerziellen Succès deen Papa Roach bis elo haaten. Datt se méi drop hun, dovunner kennen mir eis dann den 28.Juni iwerzeegen.

Peter Fox

Aus Berlin kennt den Peter Fox, Frontman vun Seeed. An Däitschland iwerschloën sech d’Médien mat Luew fir säin éischten Solo-Album deen hien am Juni sengen Fans zu Lëtzebuerg och endlech présentéieren kann, nodeems säin fir Febraur geplangten an schon ausverkaaftenen Concert am Atelier huet missen ofgesoot gin. No Culcha Candela (Stemmung: Jo, Musik: Fail!) am leschten Joër, ass den Hip-Hop Act dës Kéier en Volltreffer.

Razorlight_1

Razorlight probéieren mat neiem Material un den Succès vun hieren Nr.1 Hits America an In the Morning un ze knöpfen. Mat Wire to Wire ass hinnen daat mëttlerweil schon zum Deel gelongen. No The Kooks 2008, ass mat Razorlight an hierem exzentreschen Sänger Johnny Borrell, erem en vun den erfollegräichsten Post-Britpop (Betounung op Pop) Acts op Besuch.

Eagles of Death Metal

Losst ierch net vum Numm vun der Grupp täuschen: Metal ass daat net waat den Jesse Hughes an den Josh Homme (Queens of the Stone Age) machen. Mat hierem old-fashioned Rock an dem charismateschsten Macho als Sänger deen een am Business aktuell kann fannen, kennen d’Leit sech drop verlossen datt d’Herrschesfeld am dreckegen Guitarren-Sound vun Eagles of Death Metal wäert ennergoën. (Fir mei Infos, E411 Magazine N.1, mat enger Concert’s Reportage vun hierem Gig zu Bréissel am Februar)

Franz Ferdinand

Franz Ferdinand aus Schottland, déi 2006 den éischten Rock-A-Field geprägt hun (nierft deem wahnsinns Donnerwierder), kommen mat engem neien an zimlech,zimlech gudden Album am Gepäck. Virstellen misst een sie schon net méi. Ween sie awer nach net kennt: lo ass de Moment!

Kings of Leon

Eng aaner Zort vun Family Affair sin Kings of Leon. 3 Bridder an hieren Cousin, aus Tenessee, hun fir vill Musiksjournalisten DEN album vum Joër 2008 eraus bruecht, an et ass eben och mat Only By the Night wou sie hieren kommerziellen Duerchbroch konnten feieren. Sex on Fire an Use Somebody sin bis elo, och waat Airplay-Geschichten ungeet, d’Rock-Singlen vum Joër.

Mat deem nominell gréissten an warscheinlech attraktivsten Line-Up vun senger nach jonker Geschicht, versprëcht den Rock-A-Field dëst Joër DEN Event an der Groussregioun ze gin. Ausverkaaf ass et schon puer Wochen, keng Chance also fir déi déi sech nach net décideiert haaten.

Fir déi déi allerdings hieren Ticket hun, stellt sech dës Fro:

Fir mei Informationen, wei zB den ganzen Planning an alles ronderem den Festival (Parking,Extras…) www.atelier.lu/raf

ROCK A FIELD FESTIVAL : 28.06.2009

Razorlight déi mat neiem Material un den Succès vun hieren Nr.1 Hits „America“ an „In the Morning“ wäerten unknöpfen.
Advertisements

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s