Festival Galore – Preview: Rock a Field (II)

Nodeems mir ierch am éischten Deel déi international Acts virgestallt hun déi dëst Joër um Rock a Field wäerten spillen, kommen mir lo zu den nationalen, lëtzebuergeschen Gruppen. Genau sou wéi op der grousser Bühn (Atelier Stage), présentéiert sech d’ BGL Stage immens oofwiesslungsräich an beweist op en neits dass Lëtzebuerg musikalesch méi ze bidden huet wéi vill Leit mengen.

LOGO_RAF_2009

D’Fête de la Musique an d’Festivitéiten ronderem Nationalfeierdaag hun eis den Mond wässeresch gemach op vill vun den Artisten déi dëst Joër d’Chance hun virun engem ausverkaaftenen RAF ze spillen. Déi eng sin bekannt, déi aner kennt een emmer nëmmen vum “héieren soën”.

natas

Den Unfank machen Natas Loves You, eng nach relativ nei Band wou d’Memberen awer all op vill Erfahrungen aus aaneren Projet’en kënnen zreck gräifen (Glitter&Trauma, Holy National Victims).  Den Schwéierpunkt läit bei hinnen op Beatles-like Melodien, mat lichten Psychedelic Unsätz. Sgt. Pepper’s Lonely Hearts Club Band anno 2009, quoi.

es

Everwaiting Serenade kennen d’Gefill mat international Spetzen-Acts op der Bühn ze stoën an virun ganz,ganz villen Leit ze spillen. Everwaiting Serenade hun nämlech dierfen um Wacken Fesival spillen nodeems sie den Metal Battle gewonnen haaten 2008. Metal, Hardcore, Metalcore, Progressiv-Elementer….je, d’Lëscht ass laang vun den Klassifikatiounen déi een hierer Musik bis elo zougeschriwen huet. Hieren Album Lungwork ass haard, schnell, an sëcher net RTL-frëndlech. Mee Everwaiting Serenade zeihen hier Saach konsequent duerch an fannen mëttlerweil och am Ausland bei den Fachjournalisten an Fans lues a lues zu verdingtem Ruhm.

motb

Mat Mutiny on the Bounty geet et dann no den herrlech charmanten Eagles of Death Metal weider. Laang war et roueg em sie gin mee elo ass en endlech do: Danger Mouth heescht hieren éischten full-length Album an ass zanter gudd 2 Wochen ze kréien. Dräistëmmeg gett hei gesongen, gejaut, ge-“whooot” (jo, MOTB sangen och well) an einfach nemmen gerockt. Hier Entwecklung iwert déi lescht Joëren huet sie zu enger vun den beschten Gruppen gemach, mat Lidder déi emmer technesch unsprochsvoll klengen, vill Taktwiesselen, engem Guitarist deen sech d’Fangeren wond spillt an engem Songwriting deen op den Punkt bréngt fir waat sie stin. Mutiny klengen emmer catchy, nie unstrengend, d’Lidder “gin gudd an d’Ouer” an sin live eng Gréisst am Grand-Duché and beyond. Et ass MathCore op héigem Niveau, verwurzelt am Hardcore an erënnert un Refused, At the Drive-in an un Minus the Bear. Zanter dEFDUMp en Strëch ennert hier Geschicht gezunn hun, klafft en Lach an der Szene waat keen ze fëllen kennen schénkt an och keen richteg fëllen wëll. Mee wann MOTB sou weider fueren, firwaat sollten sie net eventuell capabel sin den Wee deen dEFDUMp fir gangen sin, weider ze goën?! Mir sin opallefall iwerzeegt!

läb

Ongewinnten Téin brengen de Läb mat op Réiser. Ongewinnt an deem Sënn dass et Hip-Hop mat lëtzebuergeschen Texter ass. Ween lo d’Aen verdréint, dénkt bestëmmt un sou super Saachen wei Gentle MCs oder Toxic René, an wei lächerlech dass daat mat Momenter war. Op däitsch seet een dofir och “fremdschämen”… Majo dann losst ierch all vun de Läb iwerzeegen, well sie sin éierlech an virun allem glaawwierdeg. Oldschool Hip-Hop, wäit ewesch vun “Gangsta” an “Aggro”, emmer mat engem klengen Clin d’oeil, vill Witz an Humor: “Deen mat der Kaz danzt” heescht hier CD déi se virun puer Méint an engem méi wéi nëmmen vollen Point (Ex-Elevator) virgestallt hun. De Läb machen Stëmmung an sin an punkto lëtzebuerger Hip-Hop ganz wäit fir! Losst ierch sie op kee Fall entgoën.

ffc

French for Cartridge ass fir déi meescht Leit warscheinlech déi grouss Onbekannten. Den Duo schafft an liewt  haaptsächlech zu London, wou hier Musik och schon bei Radio 1 an bei BBC Newcastle ze heieren war. Sie an eng Kategorie, an e Genre ze stiechen ass net évident: d’Haaptausrichtung ass emmer den Rock, mee et fannen sech och Jazz, Blues, Folk an Expérimentell Téin an hieren Titelen erëm. Op allefall sin French for Cartridge eng Entdeckung fir de Grand Public.

halflavin

Eng weider Band déi een och während der Fête de la Musique konnt lauschteren goën, ass Hal Flavin, déi wuel eenzeg Electro-Rock Band aus Lëtzebuerg déi de Sprong aus den Kelleren eraus gepackt huet an no e.a. Rock um Knuedler, elo den Rock a Field däerf rocken. Mat neiem Material, daat nach méi zum Danzen invitléiert kennen d’Leit sech op Synthesizer-Rock fréen, deen emmer no Prince, Hot Chip oder souguer Kraftwerk klengt. Hal Flavin hun sech weider entwéckelt zu enger fantastescher Live-Band mat engem Don fir Ouerenwiirm!

vsyou

Rock a Field 2007.  Eng “Virgrupp” huet et nie einfach op engem Festival wei dem RAF: et sin net vill Leit do, an et wees een, déi meescht Leit kommen och net weinst dier, mee weinst engem vun den Headliner. Mee waat ass eigentlech wann des “Virgrupp”, den Haptact an Grond a Buedem spillt, wann alles waat no hier kennt eng Enttäuschung ass? Genau daat ass nämlech den Helium-Rocker vun Billy Talent geschitt: sie haten keng Chance nodeems eng letzebuergesch Band eng hallew Stonn virun hinnen, den Public iwerzeegt huet. Des Band ass Versus You. Punk-Rock deen och Radio-frëndlech ass – déi Hären sin souguer N.1  beim RTL an dësen Deeg. An un Beléiftheet an Fans fehlt et hinnen nët. Den Atelier an den Exit hun sie schon ganz gefëllt kritt. Waat Versus You ausmecht ass d’Energie déi an all Lidd ze spieren ass, et ass eng Éierleechkeet déi een bei deem typeschen Garagen-Sound eraus héiert. Live warscheinlech daat bescht waat eist klengt Land ze bidden huet!!

minipli

Den Ofschloss vum Rock a Field, cru 2009, ass fir Minipli réservéiert an et ass wirklech ze hoffen dass d’Leit nët no Kings of Leon direckt fort laafen. Well Minipli, déi eng Art 2. Heemecht am d:cliq fonnt hun, sin méi wéi nëmmen interessant ze lauschteren. Daat huet och den Jury vum Printemps des Bourges sou gesin, an huet Minipli gewielt fir d’Lorraine an den Grand-Duché zesummen, dësen Abrëll ze vertrieden. “Experimental/Rock/Electronica” beschreiwen sie hier Musik selwer. Dem ass näischt dobäi ze fügen, well eppes anescht fällt mir och net dozou an. Et lount sech op allefall ze bleiwen bis ganz zum Schluss!

Et ass ze begréissen datt den Atelier als Organisator vun deem gréissten Festival an der Grouss-Regioun dëst Joër eng zweet Bühn mat op den Site geholl huet an dës Bühn fest an lëtzebuerger Hand gett an den lëtzbuerger Gruppen an Artisten eng Chance gëtt fir sech engem groussen Public – deen international wäert sin – kënnen ze présentéieren. Mir kommen mettlerweil zu Lëtzebuerg eraus aus der angeschränktener Meenung, datt lëtzebuergesch Musik am Verglach mam Ausland emmer de kierzeren géing zéihen. Dest ass absoluten Blödsinn, mee leider bleiwen vill Kënschtler vill zevill ennerschaat. An déi Responsabel déi méih dorunner kéinten änneren (Radio, Telé) machen zwar schon vill, mee leider nach net genuch.

Events wéi den Rock a Field, wou Lëtzebuerg net nëmmen invitéiert mee och présentéiert, droën dozou bäi engem groussen Deel vun den Leit déi lokal Szene ze weisen, déi fir sou e klengt Land wahninneg ofwiesslungsräich an vun enger wahnsinneg gudder Qualitéit ass (an kengem Land sin prozentual gesinn souvill Kanner an Jugendlecher an Musiksschoulen angeschriwen, oder léieren privat en Instrument), mee leider emmer rëm ennerschaat gett. Mee  lues awer secher sin mir op engem gudden Wee der nationaler Musik deen Wäert ze gin deen sie sech schon méi laang verdingt huet.

Advertisements

2 responses to “Festival Galore – Preview: Rock a Field (II)

  1. Ech froen mech waat daat mat der lëtzebuergescher bühn soll gin ! well leidergottes vill leit hier plaatzen an den eischten Reien net wärten opgin fir dotescht eng keier kuerz bis op dei 2ten bühn eriwer zeluusen!

    En plus wei dir schon richteg an äerem artikel ugedeit hudd maachen d’medien zwa verschiddenes mee awer wierklech leider net genuch! sou gin verschidden lëtzebuerger Gruppen einfach net an den Charts respectiv am Programm vun verschiddenen Radiosenderen ugeholl well se den Verantwortlechen net passen.Daat fannen ech einfach schued. Mee bon d’Bemeiungen sin do an mengen daat ass jo och en gudden Ufank!

  2. genau sou gesin ech daat och mat den leit dei hier plaatz net wellen opginn. Mee amfong ass daat nemmen en brochdeel vum gesamten Public, an et sin nach mei wei genuch aner leit do dei daat ganzt waerten matkréien. En plus huet den atelier eis jo eng leinwand versprach, an wann d’letzebuerger bühn och dorobber gewisen gett dann kennen dei leit bei der grousser bühn an dei leit ganz hannen opmanst eppes gesin…

    Jo bon, datt letzebuerg en klengt land ass mat all den nodeeler datt daat kann hun ass jo leider gewosst. Mee am verglach mat virun 6,7 Joer ass awer wirklech schon vill geschitt. Hoffen mir dass et nach besser gett

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s