Katy Perry 6.07.09 / Snow Patrol 25.07.09 @ Rockhal / Esch

katy-perry_21_banner

Wei gewosst waren mir vum E411 jo zu enger Rëtsch um Rock Werchter an der Belge. (Daat war iweregens tiptop, méi doriwer gëtt et um Enn vun der Festival-Saison.) Den Werchter iwerzeegt all Joërs erem mat engem Wahnsinns-Line-Up, wou een net méi wees ween dann elo den méi bekannten Headliner soll sin.

Keen Headliner am klasseschen Sënn, mee awer en point fort, war ouni Zweifel dem Katy Perry säin Optrëtt. Éischter duerch Zoufall am Samschden Nomëtteg bei der Marquee gelandt, sin eis zu puer d’Oueren opgangen: d’Joffer mecht daat jo wirklech,wirklech gudd… Et ass net eis Musik, an awer hun mir eis gudd ameséiert. Wei schéin dass et dann den Méindeg drop (6.Juli) och an der Rockhal war. Sou konnten mir dunn déi 2 Saachen back-to-back mateneen vergläichen: eng Performance op engem Festival, an eng op engem vum Atelier organiseierten Concert wou de Public aus richtegen Fans besteed. An ouni Witz, et war en richteg gudden Concert. Hit-Single, Balladen, Rock, Pop… Waat wëlls du, du kriss et. Daat huet eis dunn zwar net mei sou iwerrascht nom Werchter, mee d’Katy Perry am Hello Kitty-Dress ass stëmmlech an musikalesch op der Héicht. Vill Rosa Flamingo’en, vill roud Déco, vill Humor, an iwerall den eroteschen Clin d’Oeil deen een sech bei him erwaard(“What’s the luxembourgish word for Penis?”). Souguer “Can’t Stop me Now” vun Queen huet hatt mat senger Band gecovered – an ass warscheinlech den beschten Queen-Cover deen ech zanter langem héieren hun.

katy perry_1

Datt d’Rockhal während 70min déi gréissten Crèche am Land war ass méi wéi normal. D’Mammen an Pappen hun brav am Smoker’s Paradise hieren sauren Crémant gedronk (virun allem Mammen) an hun sech mat Schokola iwerzunnen Äerdbier, frësch aus dem Rockhalicious, eng no der aanerer eran gestach. Mee  gudd, sou muss daat sin wann een d’Katy Perry kucken geet: einfach mat Cliché’en spillen.

katy perry_2

Dësen Samschden stoung Snow Patrol grouss an eisem Agenda. Spéistens mat “Chasing Cars” haaten sie hieren internationalen Radio-Duerchbroch, och wann e puer Joëren virdrun “Run” schon e Riesen-Hit fir d’Band war. Daat zitt awer leider emmer rem eng Partie vun Leit un dei dann och nemmen während deenen Lidder klappen, sangen an päifen, an fir de Rescht gett gebraddelt. Naja, sou ass daat eben.

snow patrol_1

Mee och beim Gary Lightbody an Co.  kann een nëmmen soën dass et en Concert war op extrem héigen Niveau an iergendwei gin ech d’Gefill net lass wéi wann Snow Patrol déi éischt Band zanter langem wier déi souguer mat Nuancen spillt. Mee waat nach vill méi opgefall ass, ass déi Einfachheet mat däer sie opgetrueden sin, den Kontakt mam Public sichen an sech och net ze schued sin fir en Lidd ofzebriechen wann et engem am Public schlecht gin ass (en Geste deen en leider net oft genuch gesäit).

Kloër, fir vill Leit ass daat waat Snow Patrol maachen “Girlie-Schäiss”. Mee weivill Leit déi daat mengen hun sech dann schon wirklech eng Keier mat hierer Musik auserneen gesaat? Warscheinlech net vill. Dreckeg Guitaren fënnt een en Masse an hieren Lidder wann et daat sollt sin. Sou wei bei U2 och: op der enger Säit Balladen, op der aanerer Rock. Just dass Snow Patrol manner grouss sin, an keng Sonnenbrëller unhunn. An och nie fir en Nobelpräis sech selwer wellen an Szene sëtzen.

snow patrol_2

Soit, ech wees net waat eng Grupp oder souguer en Mensch muss man fir sympatesch ze sin, fir enger Majoritéit vun den Leit ze gefaalen. Mee ech tippen drop dass d’Jongen aus Belfast deem Ideal extrem no kommen. Hir Musik war gudd, an ass och nach emmer gudd. An mat “The Lightning Strike” als éischt Zugabe (16min, 3 Deeler), weisen Snow Patrol dass et an Zukunft souguer nach en Schratt weider fir sie kann goën. En Schratt eraus aus dem Eck an deen vill Leit sie zu onrescht stiechen.

Advertisements

One response to “Katy Perry 6.07.09 / Snow Patrol 25.07.09 @ Rockhal / Esch

  1. Pingback: Snowpatrol live…bei dir doheem! « E411 Magazine

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s