Author Archives: e411magazine

Katy Perry, a Lezploitator?

katy-perry_21_banner

Et gesäit aus wéi wa mer nach eng kéier iwwert d’Katy Perry schwetze mussen. Hat war, wéi mer all wëssen, um Rock Werchter souwéi och an der Rockhal. Jo, d’Concert’e ware gudd, mee do bleift nach déi Saach mat den Texter. “Ur so gay” an och “I kissed a girl and I liked it” hu souwuel d’Kierch wéi och d’Gay-Community verstéiert. Mir maachen eng (kleng) Analys. Continue reading

Snowpatrol live…bei dir doheem!

Snow-Patrol-Eyecatcher-2008

Réicht gëschter hu mer e klenge Review zu dem Snowpatrol-Concert zu Lëtzebuerg online gesaat. Do mëcht et Sënn op dës Initiativ hinzeweisen déi mer illustrativ an engem klengen, spontanem Dialog verstoppt hunn. Continue reading

DOW09//Christal&Crack//LIVE

_MG_7337_bw_web

De läschte Concert vum Dudelange on Wheels Skate-Festival huet Christal&Crack ginn. Fir et kuerz ze maachen, WOW. Schwéier soen op et wéinst dem diddelénger Tonus oder wéinst de Jongen an de roude Beenkleeder ass. Mee Allah, Vishnu an Abraham, wat sinn déi oofgaang!

p.s.: Bei Vimeo kann een de Video an HD gesinn…

Dub Echoes

Fellow dubsteppers,

mir wëssen dass der ënnert eis sidd. Mir wëssen dass der eng Radiosendung hutt. A mer wëssen dass der heinsto Party (cf. Poirier&MC Zulu) maacht. An alles wat een nach nët iwwert Dubstep weess an nie gefrot huet wëll een duecht et wir onintressant a souwéisou eegal ass an dëser Documentatioun. A fir dass mer sëcher sinn dass der se och kuckt maache mer an engem Mount e schrëftlëchen Test. An jo, deen zielt fir d’Moyenne. Dub up and away.

via Spex

Dub Echoes Site

Rock-a-Field 2009

_MG_7137_caption
Continue reading